GYM klappt Stroossen, Péiteng a Walfer wannen

© Foto: RTL Archiv
Um Samschde stoungen am ganze 7. Partië vum 7. Spilldag an der Novotel-Ligue um Programm. 3 Partië bei den Hären a 4 bei den Damme.
Bei den Damme wënnt de GYM Volley mat 3:1 géint Stroossen a Péiteng klappt Fenteng mat 3:0.
Stengefort setzt sech mat 3:0 géint Dikrech duerch.
Tëscht Walfer a Mamer war et ganz knapp ginn. Zum Schluss wënnt Mamer mat 3:2 an enger spannender Partie.
Bei den Hären ass de Belair mat 0:3 Dikrech ënnerleeën.
Stroossen klappt Luerenzweiler mat 3:0 a Péiteng verléiert mam selwechten Resultat géint Fenteng.
Um Sonndeg huet Walfer nach mat 3-0 géint Bartreng gewonn.
An enger kuriéiser Partie an der däitscher Volleyball Bundesliga tëscht dem VC Wiesbaden an dem USC Münster huet sech um Enn d’ Equipe vun der Lëtzebuergerin Annalena Mach mat 3:2 duerchgesat. Béid Equipen hunn hir gewonne Sätz all Kéiers ganz däitlech entscheet. Den éischte Saz goung mat 25:20 u Wiesbaden, den zweete mat 17:25 un d’ Gäscht éier den drëtten nees emol mat 25:20 u Wiesbaden goung, am véierte Saz huet Münster mat 25:15 iwwerzeegt a genee esou iwwerzeegend huet d’ Heemequipe den decisive fënnefte Saz mat 15:6 dominéiert. Viru 1400 Leit wor d’ Lëtzebuergerin vun Ufank un um Terrain a konnt an den éischte 4 Sätz am Ganzen 7 Punkte marquéiren.