Stroosse wënnt Spëtzematch am Volleyball

Stroossen brauch just dräi Sätz fir géint Dikrech ze wannen. Am Dammechampionnat ginn et véier méi wéi däitlech Auswärtssuccèsen.
Am Dammechampionnat gouf um 8. Spilldag véier Mol d'Hierarchie am Klassement respektéiert. Den Tabelleleader Walfer léisst beim 3:0-Succès zu Fenteng genau esou wéineg ubrennen wéi d'Gym zu Péiteng, Dikrech zu Stroossen a Mamer zu Stengefort.
Bei den Hären wënnt Stroossen de Spëtzematch däitlech mat 3:0 géint Dikrech. Victoire ginn et och fir Walfer zu Fenteng (3:0), Luerentzweiler zu Péiteng (3:1) a Bartreng um Belair (3:0).
An der franséicher Ligue A konnt sech de Veräin vum Lëtzebuerger Chris Zuidberg, Tours Volley, auswärts 3:0 géint Paräis duerchsetzen. (25-16,25-20, 25-23). De Chris Zuidberg koum net zum Asaz.
An Däitschland wënnt d’Annalena Mach mat hirem Veräin VC Wiesbaden 3:1 géint Straubing.