Stroossen huet weiderhin ee ganz schwéiere Stand an der héchster Divisioun. Den Tabelleleschte geet och zu Péiteng ënner.

Fir Stroossen gëtt et och am néngte Match dës Saison just den zweete Präis. Den Opsteiger verléiert am Kellerduell däitlech mat 20:43 zu Péiteng.

E Freidegowend schonns haten d'Red Boys Déifferdeng kloer mat 44:30 géint Schëffleng gewonnen. D'Partien Diddeleng géint Esch a Käerjeng géint Bierchem si wéinst dem Challenge Cup op Mëtt Januar verréckelt.

Bei den Dammen setzt sech am Poule A Péiteng mat 24:18 bei Dikrech 2 duerch. Esch huet beim 23:9 géint Miersch keng Problemer.

Am Groupe B klappt Diddeleng 2 Beetebuerg mat 24:21 an de Museldall geet mat 32:23 bei de Standard wannen.