An der Novotel-Ligue gouf et um 9. Spilldag bei den Dammen keng Iwwerraschungen.

Walfer wënnt géint Stengefort ouni gréisser Problemer mat 3:0. Mam selwechte Resultat klappt Mamer Stroossen a Gym Volley setzt sech mat 3:1 géint Fenteng duerch.

Bei den Häre kann sech Stroossen mat 3:0 géint Bartreng behaapten a Walfer klappt de Belair och mat 3:0. Luerenzweiler konnt dann nach 3-1 géint Fenteng gewannen.

Um Sonndeg wënnt Dikrech géint Péiteng mat 3:1.

An der däitscher Bundesliga wennt Wiesbaden mam Annalena Mach 3-2 géint Potsdam.