Am Topmatch setzt sech Stroossen doheem ouni Sazverloscht iwwerraschend kloer géint Walfer duerch. Och Dikrech, Bartreng a Fenteng wannen däitlech.

Fir de Kont vum 10. Spilldag hat den Zweete Stroossen den Tabelleleader Walfer op Besuch. No dräi relativ klore Sätz (19, 17, 21) heescht den neien Éischten allerdéngs Stroossen.

An deenen aneren dräi Partien geet Dikrech op Luerentzweiler (3:1), Bartreng op Péiteng a Fenteng géint de Belair wannen (allebéid 3:0).

Bei den Dammen ginn et dräi däitlech 3:0-Victoire fir déi favoriséiert Auswäertsequippen. Walfer wënnt zu Stroossen, Mamer zu Péiteng a Stengefort zu Fenteng. Um Sonndeg spillt d'Gym nach doheem géint Dikrech. E Sonndeg konnt sech Gym mat 3:2 géint Dikrech behaapten.