Härennationalequipe si schonn am Stage fir den Novotel-Cup. D'Damme fänken e Méindeg mat de Preparatiounen un.

Vum 1. bis den 3.Januar ass am Gymnase vun der Coque den internationale Volleyballtournoi. Zanter leschter Woch ass eis Härenationalequipe am Stage. Vun e Méindeg u kommen och eis Dammen dobäi. Beim Tournoi am Januar dëst Joer koumen eis béit Nationalequipen op déi 2.Plaz.

RTL

© Christophe Hochard / RTL

Den Ament präparéiert sech d'Lëtzebuerger Hären Nationalequipe drop endlech dësen Tournoi emol ze wannen.

AUDIO: Internationalen Tournoi Hären / Virschau Jeff Kettenmeyer

Déi lescht Joeren ass et fir d'FLVB Hären ni duer gaangen, fir beim Novotel Cup ganz uewen ze stoen.
No villen zweete Plaze soll et dëst d'Joer mam Erfolleg klappen, en onnéidegen Drock wëll ee sech awer net selwer maachen, sou de Nationalspiller Gilles Braas. Et war an de leschte Joren ëmmer en Thema, och wann een et probéiert huet, no hannen ze stellen a säi Volleyball ze spillen.

Fir den Optakt gëtt et mat Dänemark awer direkt eng haart Noss ze knacken. Et war deen eenzege Match, deen een d'lescht Joer verluer huet, dat knapp mat 2-3. Et ass awer keen Nodeel, fir direkt den éischte Match géint si ze spillen, et kennt een d'Dänen an et kann ee sech op si astellen.

Duerno geet et nach géint d'Schwäiz an Island. Als neie Kapitän huet d'Roll vum Gilles Braas nom Récktrëtt vum Ralf Lentz e bëssen geännert. Hien huet awer och schonn an de leschte Joren, wou de Ralf Lentz nach net a senger wuelverdéngter Volleyballs-Pensioun war, probéiert, fir Verantwortung ze iwwerhuelen. Donieft steet hien net eleng an der Roll do, well vill vun den "alen Huesen" hien ënnerstëtzen.

Vum 1. bis den 3. Januar spillt d'Lëtzebuerger Dammen an Hären am Gymnase vun der Coque an hoffen och op d'Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Public.

RTL

© Christophe Hochard / RTL

D'Lëtzebuerger Häre wëllen onbedéngt déi éischte Plaz sécheren, ma bei den Dammen gëtt dëst relativ sauer.

AUDIO: Internationalen Tournoi Dammen / Reportage Jeff Kettenmeyer

Op RTL.lu kënnt dir de Volleyball-Tournoi live materliewen:

Freideg, 1. Januar: Matcher um 17.30 an 20 Auer: Livestream vu 17 Auer u mat de Matcher Lëtzebuerg-Dänemark bei den Dammen an den Hären souwéi mat Interviewen a Virberichter

Samschdeg, 2. Januar: Matcher um 17.30 an 20 Auer: Livestream vu 17 Auer u mat Lëtzebuerg-Schwäiz bei den Hären a Lëtzebuerg-Lichtenstein bei den Dammen souwéi mat Interviewen a Virberichter

Sonndeg, 3. Januar: Matcher um 15 a 17.30 Auer: Livestream vu 14.30 Auer u mat Lëtzebuerg-Island bei den Dammen an den Hären souwéi mat Interviewen a Virberichter, duerno Closing Ceremony mat der Präisiwwerreechung