Lëtzebuerger Häre wannen Natiounentournoi
An der Coque gouf um Weekend den Natiounentournoi gespillt. D'Hären hunn den Tournoi gewonnen. D'Dammen ginn um Enn déi Zweet. - Hei d'Matcher am Replay!
5 Equippe ware bei dëser Editioun dobäi: Dänemark, Island, Lichtenstein (just Dammen), d'Schwäiz (just Hären) a Lëtzebuerg.
D'Lëtzebuerger Häre wannen no engem 3:0-Succès géint Island um Sonndeg d'Schlussvictoire vum Novotel-Cup 2016.
An 3 Matcher hunn d'Lëtzebuerger nëmmen 1 Saz missen ofginn an behaapten sech am Schlussklassement souverän virun Dänemark. Géint d'Dänen haten d'Lëtzebuerger Hären um Freideg mat 3:1 gewonnen, wéint d'Schwäiz um Samschdeg mat 3:0.
Bei den Damme wannen d'Lëtzebuergerinnen um Sonndeg 3-0 géint Island an kommen um Enn hannert Dänemark op déi zweete Plaz.

Dammen: 2. Plaz
Déi éischt Partie um Freideg hunn d'Islännerinnen 3:0 géint Liechtenstein gewonnen.
Dono waren d'Lëtzebuergerinnen drun, déi 0:3 géint Dänemark verléieren.
Um Samschdeg hunn d'Däninen däitlech mat 3:0 géint Island gewonnen.
Um Samschdeg den Owend huet Lëtzebuerg sech souverän 3:0 géint Liechtenstein behaapt. Just am éischte Saz war et spannend (26:24), déi aner 2 ware kloer fir d'Lëtzebuergerinnen.
Dänemark huet um Sonndeg mat 3-1 géint Liechtenstein gewonnen, domat geet d'Victoire bei den Dammen un d'Formatioun aus Dänemark.
Lëtzebuerg wënnt um Sonndeg souverän mat 3-0 géint Island.
Domat schléissen d'Dammen den Tournoi op der zweeter Plaz of.
Op RTL.lu hu mir sämtlech Matcher mat Lëtzebuerger Bedeelegung am Livestream gewisen, hei drënner fannt Dir se am Replay.
Lëtzebuerger Matcher vum Sonndeg
[widget type="sport/novotel/clip_20160103_m"]
[widget type="sport/novotel/clip_20160103_w"]
Lëtzebuerger Matcher vum Samschdeg
[widget type="sport/novotel/clip_20160102_m"]
[widget type="sport/novotel/clip_20160102_w"]
Lëtzebuerger Matcher vum Freideg
[widget type="sport/novotel/clip_20160101_m"]
[widget type="sport/novotel/clip_20160101_w"]