Volleyball, Coupe de Luxembourg
Walfer an Dikrech wannen

An de Véirelsfinallen vun der Coupe de Luxembourg bei den Hären konnt sech Walfer géint Iechternach behaapten an Dikrech wënnt géint de Belair.
D'Resultater an der Iwwersiicht:
Stroossen - Luerentzweiler 3-0 (14.12)
Iechternach (+5) - Walfer 0-3
VC Belair - Dikrech 1-3
E Sonndeg huet Bartreng dann nach Fenteng op Besuch.
Bei den Dammen huet Luerentzweiler mat 0-3 de Kierzeren géint Stengefort gezunn an Mamer konnt sech ouni Problem mat 3-1 géint Dikrech behaapten.
E Sonndeg stinn nach 2 Partien um Programm. Esch (+4) spillt géint Stroossen an Wolz (+5) géint Walfer.
Am meeschte gelies