Um Samschdeg war am nationale Volleyballchampionnat bei den Dammen a bei den Hären 3 Partien vum 11. Spilldag. Walfer huet mat 3-0 géint Péiteng gewonn.

Bartreng huet mat 3-1 géint Luerentzweiler gewonn.
An enger spannender Partie wënnt Fenteng um Enn mat 3-2 zu Dikrech.

Um Sonndeg huet Stroossen nach mat 3-0 um Belair gewonn.

Bei den Dammen huet Mamer mat 3-0 géint Gym gewonn an Dikrech och mat 3-0 géint Fenteng.