Häre wëll sech mat europäescher Mëttelklass moossen

Am Volleyball hëlt d'Lëtzebuerger Hären-Nationalequipe un der European League deel.
D'FLVB-Hären hunn an de leschte Méint spilleresch iwwerzeegt a mat gudde Resultater op sech opmierksam gemaach. Ma wat bedeit et fir d'Volleyball-Hären, fir op sou engem Tournoi dobäi ze sinn?
Virop muss ee soen, datt den Niveau an de European League méi héich ass wéi zum Beispill an der Small Countries Division.
Et ass ähnlech wéi d'Weltliga, allerdéngs knapp e Niveau drënner. Dat heescht déi absolut top europäesch Equippe sinn net vertrueden, ma dat grousst Zil vun der Lëtzebuerger Nationalequipe ass et, fir sech mat der europäescher Mëttelklass ze moossen. Spilleresch wéi organisatoresch wier ee fäeg, do matzehalen.
Tëscht dem 3. an 11 Juni spillt d'Lëtzebuerger Hären-Nationalequipe bannent 10 Deeg 6 Matcher. Mat Estland, Wäissrussland an Éisterräich waarde nëmmen Géigner, déi besser an der Weltranglëscht klasséiert sinn. Dat wier kloer, et wier ee lo d'Underdogs. Et wëll een d'Ëmfeld am Volleyball op alle Fall professionaliséieren.
Am Mee stinn donieft Small Countries Division an d'EM-Qualifikatioun fir d'Nationalequipe um Programm.