Bei den Hären kann sech de Favorit Walfer kloer mat 3:0 géint Bartreng duerchsetzen. Am zweete Match klappt Fenteng Péiteng mat 3:0.

Um Sonndeg wënnt Dikrech mat 3:1 géint de Belair. Déi Dikrecher Equipe ëm de Kapitän Ben Angelsberg hatt iwwerraschend den éischte Saz verluer, konnt dunn de Match awer dréien an huet och kee weidere Saz verluer.

Am Volleyball bei den Dammen wënnt d'Gym 3:0 géint Stroossen a Péiteng gewënnt Doheem 3:1 géint Fenteng. Um Samschdegowend setzt Walfer sech zu Mamer mat 3-0 duerch.