Um Donneschdeg den Owend goufen d'Coupe Halleffinalen am Volleyball bei den Damme gespillt.

An der éischter Halleffinall setzt sech de VC Stengefort mat engem enken 3:0 (25-22, 26-24, 25-23) géint de VC Stroossen duerch a steet domat eng éischte Kéier iwwerhaapt an der Finale vun der Coupe de Luxembourg.

An der zweeter Halleffinall setzt sech iwwerraschend awer duerchaus verdéngt de VC Mamer géint d’Résidence Walfer mat 3:0 (25-18,25-18,25-22) duerch.

Domat heescht Finall um Samschdeg Stengefort-Mamer.

Um Freideg ginn d'Halleffinalle bei den Häre gespillt. Fenteng spillt um 18.30 Auer géint Dikrech a Stroossen trëtt um 20.30 Auer géint Walfer un.