Stroossen a Mamer Coupegewënner
Fënnef Sätz laang hu Stroossen an Dikrech sech alles ofverlaangt. Um Enn triumphéiert awer de Favorit. Bei den Dammen dréit Mamer en 0:2-Réckstand.
Ee richtege Krimi hu sech Dikrech a Stroosse geliwwert. Fënnef Sätz laang war et net kloer, wéi eng Equippe zu Bartreng am Centre Atert dierft nom Match d'Coupe an d'Luucht stemmen.
Um Enn setzt sech awer de Favorit a Ligaprimus Stroossen mat 3:2 (19, -22, -23, 23, 10) duerch. Beschte Spiller um Terrain war de Kamil Rychlicki.
De Coupegewënner 2016 bei den Dammen heescht Mamer. D'Equipe vum Momo El Khaoua klappt Stengefort an enger spannender Finall mat 3:2 (-24, -23, 14, 14, 10).
Den Iwwerraschungsfinalist Stengefort ass zwee Sätz laang couragéiert opgetrueden an huet exzellent verteidegt. An der drëtter a véierter Manche ass Mamer allerdéngs op Toure komm an huet dee Schwong mat an deen decisive Saz geholl.