An den Halleffinallen bei de Männer konnt Stroossen och den 2. Match géint Fenteng fir sech entscheeden an steet domat als éischten Finalist fest.

An der anerer Halleffinale huet sech Walfer mat 3-0 géint Dikrech duerchgesat an trëfft domat an der Finale op Stroossen.

An den Halleffinallen bei den Dammen konnt sech Dikrech iwwerraschend mat 3-2 géint den aktuelle Champion aus Walfer behaapten. Dikrech wënnt och déi zweet Partie géint Walfer an steet domat als éischte Finalist fest.

RTL

An der zweeter Halleffinale konnt sech Mamer mat 3-1 géint Gym behaapten a wënnt domat och den zweeten Match. D'Finale bei den Dammen heescht also Walfer géint Mamer.

Am Playdown bei den Hären huet sech Bartreng mat 3-0 géint Péiteng duerchgesat an Luerenzweiler wënnt 3-1 géint Belair.
Um Sonndeg huet Stengefort géint Stroossen mat 3-0 gewonn.
Am Playdown bei den Dammen huet sech Fenteng ouni Problem mat 3-0 géint Stroossen duerchgesat.