Iwwert de Weekend waren d'Junioren vun der Lëtzebuerger Volleyball Nationalequipe am Asaz am Kader vun de Small Countries Division.

A Schottland gewannen d’ FLVB Meedercher no 3 Victoire géint Färöer Inselen, Schottland a Nordirland sou wéi enger Defaite géint de Schlussgewënner Zypern Sëlwer.

D’ U20 Jongen, déi ouni de wuel beschte Lëtzebuerger Volleyballer Kamil Rychlicki an Zypern geflu sinn hu sech no den souveräne Prestatiounen géint Schottland an San Marino missen an der Finall mat der Lokalequipe moossen.

No engem gudden éischte Saz hunn d’ rout Léiwen awer misse d’ Iwwerleeënheet vun den Haushären unerkennen, verléieren de Match mat 1:3 a gewannen domat wéi d’U19 Meedercher och d’ Sëlwermedaile.