An dat souwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären. An den drëtten an decisive Matcher kéint et nees extrem spannend ginn.

Fänke mer bei en Dammen un. Virun der Saison hate vill Leit déi Dikrecher net op der Rechnung, fir dass si fir de Championstitel kéinte matspillen. Den éischte Match huet de Chev och kloer 0-3 verluer, fir dunn de leschte Weekend Revanche ze huelen. E Samschdeg fält elo Decisioun. D'Lara Wagner vun Dikrech weess op wat et ukënnt: keng Feeler beim Service man, konzentréiert sinn a sech op d'Spill vum Géigner astellen.

Déi Mamer hate nom éischte Match sécherlech gemengt, dass d'Championnat no 2 Partien entscheed wier. Déi Rechnung ass fir d'Isabelle Frisch an hir Matspillerinnen awer net opgaangen. Et wier nach alles dran, well ee seng 1. Chance eben net genotzt hätt, sou d'Isabelle Frisch.

Bei den Hären hat Walfer den éischte Match gewonn a louch am zweeten déi leschte Woch och schonns 1-0 an de Sätz géint Stroosse vir. Dunn hu se d‘Partie awer nees aus der Hand ginn. Dee Feeler wëlle se dës Kéier net méi maachen. Wann ee se eng Kéier mam Kapp ënner Waasser huet, däerf ee se net méi rop komme loossen, sou de Charel Ernster vu Walfer.

RTL

De Kamil Rychlicki ass de Pilier vun der Stroossener Equipe. An dee geet mat vill Motivatioun an der drëtte Match. Hien ass der Meenung, dass et un de Walfer ass fir 1-2 Spiller vu Stroossen aus dem Match ze huelen. Op Säite vu Stroossen wëll ee virun allem Feeler evitéieren.

Déi zwou Partie ginn e Samschdeg live um Radio iwwerdroen.

AUDIO: Virschau Finale Volleyball Championnat / Rich Simon