Kamil Rychlicki seet mam Doublé Äddi zu Stroossen

Am Volleyball ass e Samschdeg de Championnat op en Enn gaangen.
Bei den Dammen konnt Mamer den 12. Titel an der Veräinsgeschicht feieren. Bei den Hären huet Stroossen déi decisiv Partie géint Walfer gewonn a sou konnt de Kamil Rychlicki mam Doublé Äddi soen. Dat grousst Lëtzebuerger Volleyballtalent wäert an Zukunft säi Gléck als Profi probéieren. Am drëtten an decisiven Match wollt de Kamil Rychlicki onbedéngt als Vainqueur goen an esou e perfekten Schlusspunkt zu Stroossen setzen.
De Kamil Rychlicki hat no der Partie awer gemëschte Gefiller. Sportlech bréngt Zukunft mat Sécherheet méi e groussen Challenge, ma zu Stroossen huet den iwwer 2 Meter groussen Lëtzebuerger sech extrem wuel gefillt. Et wier och relativ naiv, wann d'Konkurrenz géif mengen, datt de VC Stroossen elo ouni de Kamil Rychlicki méi einfach ze klappe wier, sou de Kapitän Ralf Lentz.
Wouhin de Kamil Rychlicki elo wiesselt, steet nach net offiziell fest. Am RTL-Interview soten awer zum Beispill déi Responsabel vum Bundesligist TV Bühl, datt si e groussen Interessi um Nationalspiller hätten.