D'Annalena Mach bleift weiderhin an der Bundesliga

Am Volleyball huet d'Annalena Mach déi lescht Woch hire Kontrakt beim VC Wiesbaden verlängert.
Domat geet d'Lëtzebuerger Nationalspillerin an hir drëtt Bundesliga Saison. De Weekend war d'Volleyballspillerinn am Kader vun de Championnatsfinallen zu Lëtzebuerg. An der Dammefinale tëscht Mamer an Dikrech stoung natierlech fest fir ween d'Häerz vum Annalena Mach géif schloen. 2014 ass si nämlech vu Mamer op Wiesbaden gewiesselt.
An de leschten zwee Joer huet sech d'Lëtzebuerger Nationalspillerin enorm weiderentwéckelt, well et tëscht dem Volleyball am Grand Duché an deem an der éischter däitscher Bundesliga e qualitativen Ënnerscheed gëtt.
Fir déi 20 Joer jonk Lëtzebuergerin gëtt et elo déi drëtt Saison zu Wiesbaden.
De Veräin aus der éischter däitscher Bundesliga ass wéi eng zweet Famill ginn, sou d'Annalena Mach.
De Kontrakt vum Annalena Mach ass nees ëm 1 Joer verlängert ginn, ma wisou dann net zum Beispill fir 2 oder 3?
Annalena Mach: Jo dat gouf ech och gefrot, mä einfach alleng wéinst mengem Studium well ech och net weess wéi et do weider geet. Ech hunn ëmmer léiwer 1-Jores-Vertrag an da gesäit ee mol weider.
Nieft dem Volleyball studéiert d'Lëtzebuerger Nationalspillerin den Ament nach Biologie.