D'Lëtzebuerger Nationalequipe bei den Hären huet och hiren 2. Match am Qualifikatiounstournoi fir d'Schlussronn an der Small Countries Division gewonnen.

Um Sonndeg gouf et eng kloer 3-0 Victoire géint d'Färöer-Inselen. An de zwee leschte Sätz hunn d'Lëtzebuerger hire Géigner keng Chance gelooss.