Am Beachvolley sti béid Koppelen an der Véirelsfinale.

An der European League am Volleyball mussen FLVB-Häre géint de Favorit vum Tournoi Léiergeld bezuelen. Géint Estland konnte si an den éischte 2 Sätz net mathalen a verléieren op 16 respektiv 14 Punkten. Nodeems d'Rout Léiwen de Respekt ofgeluecht haten an och manner Feeler gemaach hunn, konnte si am drëtte Saz dann nach e respektabelt Resultat vun 21-25 erausspillen, verléieren de Match awer mat 0-3. Um Sonndeg spille Braas, Rychlicki a Co zu Enns an Éisterräich géint Wäissrussland.

Och am drëtte Match kënnen Volleyball Hären an der European League keng Victoire verbuchen.

Géint Wäissrussland wor de Lëtzebuerger hiert Spill net konstant genuch fir méi wéi 20 Punkten pro Saz ze maachen. Um Enn steet de Compteur fir d'Rout Léiwen bäi 19, 18 an 20 Punkten.

Bäi de klenge Länner am Beachvolleyball steet d'Härenequipe Meres/Lazzarin no 2 Victoiren um Samschdeg géint Schottland an Irland an der 1/4-Finale. D'Dammen hunn 2 Mol géint Schottland gespillt, woubäi et am éischte Match nach eng Defaite gouf, den zweete Match awer dunn däitlech gewonne gouf. Domatt sti Grethen/Klerf och an der 1/4-Finale.