Volleyball
Lëtzebuerger Häre verléiere géint Estland

Am Volleyball verléiert d'Lëtzebuerger Hären-Nationalequipe am Kader vun der European League 0-3 géint Estland.
An der European League halen d'Lëtzebuerger Volleyballhären zu Rakvere an Estland 2 Sätz laang ganz gutt mam Favorit Estland mat.
Am zweete Saz hat FLVB Equipe souguer 4 Sazbäll, déi se duerch e puer Konzentratiounsschwächten awer net notze konnten.
Um Enn stoung et 0:3 aus Lëtzebuerger Siicht géint eng staark estesch Equipe, an de Sätz 20-25, 27-29 an 14-25. Beschte Spiller vum Match wor de Kamil Rychlicki mat 17 Punkte virum Est Venno mat 16 an dem Arnaud Maroldt mat 14 Punkten.
Am meeschte gelies