Lëtzebuerger Häre verléiere géint Wäissrussland

Am Volleyball verléiert d'Lëtzebuerger Hären-Nationalequipe am Kader vun der European League 0-3 géint Wäissrussland.
No engem nervösen Optakt koumen d'Rout Léiwe laang net richteg an de Match a konnte seelen un déi excellent Leeschtung vum Dag virdru géint Estland uknäppen.
Donieft hate Wäissrusse mam Kuklinski e Spiller den an den decisive Phase mat senge Servicer de Lëtzebuerger den definitive KO ginn huet. Mat 17-25, 19-25 a 21-25 verléiert Lëtzebuerg also 0-3 géint Wäissrussland.
De Trainer Dieter Scholl nom Match: „Grundsätzlich bin ich mit der Leistung zufrieden, denn wir haben das gespielt, was wir auch im Training umsetzen. Den Aufschlägen waren wir heute in der Annahme einfach nicht gewachsen. Einer solchen konstanten Qualität sind unsere Spieler einfach nicht im Training und im Wettkampf ausgesetzt. Das ist der Unterschied hier auf diesem Niveau.“
E Méindeg spille Rychlicki a Co um 15:00 Auer eiser Zäit nach géint Éisträich.