European League
FLVB-Hären verléieren och hire leschte Match

Géint Éisterräich, déi sech mat der Victoire vun e Méinde fir de Final-4 qualifizéiert hunn, hunn d'FLVB-Hären nees laang gutt matgehal.
Am zweete Saz waren si 4 Punkte vir, éier d'Éisterräicher duerch e konstanten Drock um Service de Match zu hire Gonschte gedréit hunn. Si gewanne mat 3-0 25-21, 28-26 a 25-16. D'Aventure European League ass domat fir Lëtzebuerger eriwwer. Et goufe vill Erfahrunge gesammelt op déi sech opbaue léisst, wann d'Struktur ronderëm stëmmt.
De Lëtzebuerger Kamil Rychlicki wor mat 16 Punkte beschten Attaquant vum Match an den Tim Laevaert gëtt an der Statistik als beschte Receptiounsspiller gefouert.
Am meeschte gelies