Lëtzebuerg verléiert géint Island
Am Kader vun der europäescher Small Countries Division zéien d'Lëtzebuerger Volleyballdammen an der Coque mat 1:3 géint Island de Kierzeren.
No der däitlecher 3:0-Victoire um Freidegowend géint Nordirland haten d'FLVB-Dammen um Samschdeg mat Island ee wesentlech méi staarke Géigner op der aner Säit vum Filet.
Am éischte Saz hunn d'Spillerinne vum Detlev Schönberg awer do weider gemaach, wou si deen Dag virdrun opgehalen haten. Mat 25:21 goung deen éischte Saz u Lëtzebuerg.
Dono war allerdéngs ee klore Broch am Spill vun de Lëtz Volley Lions ze gesinn. Op 19 an op 17 gi Mach a Co. d'Sätz zwee an dräi of. Am véierte Saz huet Lëtzebuerg no enger séierer 4:0-Féierung nach eemol um Comeback geschnuppert, schlussendlech sollt och deen Duerchgang awer däitlech mat 25:17 un d'Islännerinne goen.
Um Sonndeg steet ab 18h00 dee leschte Match géint Schottland um Programm.