Walfer a Fenteng bleiwen ongeschloen

Um 4. Spilldag am Härevolleyball wënnt Walfer 3-0 géint Esch, Fenteng klappt Luerenzweiler 3-0 a Belair verléiert 0-3 géint Stroossen.
An enger weiderer Partie huet Bartreng 3-0 géint Dikrech gewonnen.
Um 4. Spilldag am Dammevolleyball bleiwen Walfer an Dikrech ongeschloen. Dikrech wënnt 3-0 géint Gym, Walfer klappt Amber-Lënster mat 3-0 an Stengefort wënnt 3-1 géint Stroossen.
An der éischter däitscher Bundesliga huet sech de VC Wiesbaden mam Annalena Mach missen an engem extrem emkämpfte Match misse mat 2-3 géint Münster geschloe ginn.
Am belsche Championnat huet Noliko Maaseik mam Kamil Rychlicki bäim 0-3 géint Roeselare missen d’ Iwwerleeënhet vum aktuelle Champion unerkennen.
An am Frankräich huet sech Tours, de Veräin vum Chris Zuidberg, den dess Kéier net am Kader stoung, kënne mat 3-2 géint Nantes duerchsetzen.