Bei den Damme wënnt Walfer zu Stroossen.

Stroossen hat keng Problemer de Spëtzematch mat 3-0 géint Walfer ze gewannen. De Belair verléiert 2-3 géint Bartreng. Esch verléiert 1-3 géint Luerenzweiler a Fenteng setzt sech mat 3-1 géint Dikrech duerch.

Um 7. Spilldag bei den Damme wënnt Stengefort doheem 3-0 géint d'Gym. Amber-Lënster verléiert 0-3 géint Péiteng, Stengefort gewënnt 3-0 géint d'Gym a Mamer verléiert 1-3 géint Dikrech.

RTL

© Marc Burelbach

RTL

© Marc Burelbach

E Samschdeg war am Volleyball d'Spëtzepartie tëscht Stroossen a Walfer programméiert. Um Enn gouf et eng kloer 3-0 Victoire vun deene Stroossener. Vun esou engem Resultat konnt een net onbedéngt ausgoen.

AUDIO: Volleyball Spëtzematch / Reportage Rich Simon

An dat virun allem, well Walfer an dëser Saison nach kee Match verluer hat. E Samschdeg ass awer net vill bei hinnen zesumme gelaf. Op där anere Säit huet een eng Stroossener Equipe gesinn, déi praktesch alles richteg gemaach huet, seet de Stroossener Trainer Ulf Quell. Vum Opschlag bis op d'Lächer opmaachen an notzen ass senger Equipe sou gutt wéi alles gelongen.

Walfer hat e Samschdeg näischt géint Stroossen ze gutt. Den Ulf Quell ass sech awer sécher, dass dat sech an der Saison nach wäert änneren. Um Schluss vum Championat huet een do sécher en anert Spill, well sech béid Equippen nach wäerte verbesseren.

Dat denken se bestëmmt och zu Fenteng. Déi sinn den Ament nämlech an der Tabell vir.