En Donneschdeg geet déi 30. Editioun vum internationale Volleyballtournéier lass.

Et ass e vun den traditionelle Rendez-vousen am Lëtzebuerger Sport. En Donneschdeg schonn geet den Novotelcup a seng 30. Editioun. Bäi dësem internationalen Tournoi fir Volleyballsnationalequippe beweise sech eis rout Léiwinne a Léiwe Joer fir Joer a konnten déi lescht Editioun mat enger Sëlwer respektiv Goldmedaille ofschléissen. De Marc Burelbach geheit mat den Traineren e Bléck no vir.

AUDIO: Novotel-Cup 2017 / Preview Marc Burelbach

An et dierft schwéier ginn, déi excellent Resultater vun zejoert ze confirméieren. Fir den Dieter Scholl, Trainer vun den FLVB Hären, war den Tournoi an de leschte Joren eng Geleeënheet, fir Confiance ze tanken, fir déi Aufgaben, déi am Summer op d'rout Léiwe gewaart hunn. No der ganz gelongener europäescher Campagne si seng Ziler dann dëst Joer liicht Anerer...

“Natürlich wollen wir den Titel verteidigen, aber es hat nicht den Stellenwert, wie in den vergangenen Jahren. Vom Ergebnis her ist es mir eigentlich egal. Ich will junge Spieler aufs Feld bringen, die dann auch nicht nur Kurzeinsätze bekommen und dann kann ich auch noch nicht sagen, was daraus wird.”

Et gëtt also perspektivesch geduecht. Mat 3 Tournoien am fréie Summer, dorënner Spiller vun de klenge Länner, d'EM vun de klenge Länner an der zweeter Ronn an der WM-Qualifikatioun, ass et sécher och net verkéiert, méi Optiounen ze hunn.

D'Lëtzebuerger Damme vum Coach Detlev Schönberg si scho méi laang an engem Ëmbroch, ma och do ass elo Zäit komm, fir weider Spillerinnen ze integréieren.

“Nathalie Braas, die jetzt seit nem halben Jahr das Zuspiel übernimmt, werden wir sehen, wie sie reagiert, wenn si unter Druck gerät, weil das in der Liga zur Zeit viel zu selten vorkommt. Von den jungen Spielerinnen; Jana Feller ist soweit grössere Spielanteile zu bekommen auch Anne-Catherine Bollendorff wird ihre Chancen im Doppelwechsel bekommen.”

De Spillplang, mat Silvester a Neijoerschdag war fir déi Responsabel vun der Federatioun eng haart Noss, mä den Dieter Scholl ass sech sécher, datt de Public awer de Wee an d'Coque dierft fannen

“Ich glaube, dass es von der Terminierung der Spiele her auf jeden Fall möglich ist, Sylvester und Neujahr zu feiern und unsere Spiele zu sehen. Ich hoffe, dass wir die Halle voll bekommen. Man kann sich bei uns schon für den Sylvesterabend in Stimmung bringen, aber es ist doch schwierig vorherzusagen.”

Direkt an den éischten 2 Matcher geet fir Hären mat hirem Superstar Kamil Rychlicki ëm Alles, nach emol den Härennationaltrainer.

“Wir freuen uns auf die Spieler gegen Deutschland und Azerbaijan. Die Deutschen sind mit ihrer U21 komplett in der ersten Bundesliga aktiv, spielen die Woche drauf WM-Qualifikation und sind natürlich hungrg darauf, sich zu präsentieren. Azerbaijan haben bei European Games gespielt und sind auch als sehr stark einzuschätzen.”

Am Ofschlossmatch spillen d'rout Léiwen e Sonndeg géint Island, wat den einfachste Géigner dierft sinn.

Och bäi den Dammen ass de vermeintlecht schwächste Géigner Liechtenstein eréischt um Sonndeg un der Rei. Wéinst der schwiereger Virbereedungszäit hofft den Detlev Schönberg direkt am éischte Match géint Albanien eng Struktur ze fannen

“Da wir kein Vorbereitungsspiel hatten ist es eine offene Frage. Albanien hat letztes Jahr immerhin European League gespielt und sind daher stärker einzuschätzen als die verjüngte Mannschaft aus Norwegen. Beide Spiele sind sehr schwer für uns, da wir auch nicht genau wissen, wo wir stehen. Aber ich hoffe, dass wir schnell reinfinden ins Spiel und mit dem Publikum im Rücken einen Lauf bekommen um die Spiele positiv gestalten zu können.”

Den Däitschen Trainer huet dann och nach e gutt Argument fir eis Nationalequippen op dëse speziellen Deg ufeieren ze kommen.

“Man kann vom Festtagsbraten einiges durch klatschen mit den Klatschpappen abarbeiten. Von daher wäre das das idelae Alternativprogramm”.

All Informatiounen zum Tournoi fannt Dir natierlech och bei eis op RTL.lu, wou och all d' Matcher vun de Lëtzebuerger live gestreamt ginn.