Zanter ganz ville Joeren organiséiert d'LASEL an Zesummenaarbecht mat der ACEL den "Tournoi de Noël" um Geesseknäppchen.

Iwwer 2 Deeg erstreckt sech dësen Tournoi, wou virun allem de Spaass am Virdergrond steet.

26 Cerclen si fir dës Editioun ugemellt. 21 am Volley- a Basket a 16 beim Football.
En Dënschdeg waren d'Tournoien am Basket- an am Volleyball.

Tournoi de Noël
Zanter ganz ville Joeren organiséiert d'LASEL an Zesummenaarbecht mat der ACEL den "Tournoi de Noël" um Geesseknäppchen.

E Mëttwoch waren 21 Equippen am Kader vum "Tournoi de Noël" am Football aktiv. Gespillt gouf a 5 verschiddenen Halen.

All Partie huet 15 Minutte gedauert. Zu 5 pro Equipe gouf gespillt. Scho séier war kloer, dass déi Bréisseler, déi d'lescht Joer den Tournoi gewonnen haten, bei dëser Editioun den Titel net verdeedege kéinten. Um Enn waren et d'Studente vu Baaschtnech, déi den Tournoi am Football konnte gewannen.

Studente vu Baaschtnech wannen den Tournoi am Football
No den Tournoien am Basket- an am Volleyball um Dënschdeg waren e Mëttwoch 21 Equippen am Football aktiv. Um Enn wannen d'Studenten vu Baaschtnech.

Méi an Toun a Bild den Owend am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.