Bei den Häre konnt sech Däitschland mat 3-1 géint Island behaapten, bei den Damme huet Norwegen Albanien och 3-1 geklappt

Um éischten Dag vum internationalen Volleyballstournoi an der Coque konnten um Donneschdeg den Owend d'Hären aus Däitschland (U21) déi éischt zwee Sätz mat 25-11, respektiv 25-22 gewannen. Den drëtte Saz huet ee missen un Island ofginn, dat mat 19-25. Ganz kloer ass de leschte Saz awer mat 25-8 un eis Nopere gaangen.

Bei den Dammen: 25-19, sou ass den éischte Saz un Norwegen gaangen, souwéi och den zweete mat 25-21. Am drëtte Saz konnte sech d'Dammen aus Albanien mat 25-17 duerchsetzen, de véierten a leschten ass awer ganz knapp mat 25-23 un d'Norwegerinne gaangen.

E Freideg da geet et mam Turnéier weider. Do spillen ënner anerem d'Dammen aus Lëtzebuerg géint Albanien um 18 Auer an d'Rout Léiwen géint Däitschland um 20.30 Auer.

D'Matcher vun de Lëtzebuerger kënnt Dir am Livestream op RTL.lu gesinn.