D'Lëtzebuerger Volleyball-Häre wanne mat 3:2 géint Däitschland. Fir d'Lëtzebuerger Damme gouf et eng 0:3 Defaite géint Albanien.

AUDIO: Volleyball Novotel-Cup: Matcher vum Freideg, Jhang Mathes

D'Partie tëschent der Lëtzebuerger Hären-Nationalequipe an der U21-Nationalequipe aus Däitschland war ganz enk. Den éischte Saz konnten eis Nopere mat 25:21 fir sech entscheeden. Am zweete Saz huet Lëtzebuerg eng Reaktioun gewisen an dëse mat 25:10 gewonnen. Déi zwee Sätz duerno waren nees méi spannend. Lëtzebuerg konnt mat engem 25:23 mat 2:1 a Féierung goen, duerno huet Däitschland duerch en 25:23 op 2:2 ausgeglach.

D'Entscheedung huet deemno missen am decisive 5. Saz falen. Béid Equippen hunn sech och hei nees näischt geschenkt. D'Lëtzebuerger konnten e Matchball vun Däitschland ofwieren, fir dunn de Sack direkt beim éischten eegene Matchball zouzemaachen. De 5. Saz geet mat 16:14 un d'Equipe vum Dieter Scholl, déi d'Partie mat 3:2 gewënnt.

Iwwerdeems gewannen d'Hären aus dem Aserbaidschan mat 3:1 (25:21, 21:25, 25:16, 25:9) géint Island.

[widget type="sport/novotel2017/20161230"]

Och bei den Dammen hat d'Partie tëschent Lëtzebuerg an Albanien vill Spannung. An den éischten zwee Sätz huet d'Equipe vum Detlev Schönberg gutt géint d'Albanerinne matgehalen. Den éischte Saz ass dunn awer mat 26:24 un d'Gäscht gaangen. Den zweete Saz war och nees ganz enk an d'Entscheedung ass an der Verlängerung gefall. Do konnten d'Lëtzebuergerinnen e Sazball net notzen a ginn dësen um Enn mat 28:30 of.

Duerno hat et dunn zwëschenduerch no enger klorer Affär fir Albanien ausgesinn. D'Lëtzebuergerinne lounge scho mat 12:18 hannen, sinn dunn awer nach eng Kéier zeréck komm. Konnten zum Stand vun 19:19 ausgläichen. Et soll awer net duergoen. De Saz goung mat 26:24 un Albanien. Domadder gewannen si d'Partie mat 3:0.

Bei den Damme konnt sech nach Norwegen mat 3:0 (25:23, 25:17, 25:10) géint Liechtenstein duerchsetzen.

Dee weidere Programm:

31. Dezember 2016:
10 Auer: Liechtenstein - Albanien (Dammen)
12.30 Auer: Lëtzebuerg - Norwegen (Dammen)
15 Auer: Lëtzebuerg - Aserbaidschan (Hären)

1. Januar 2017:
12 Auer: Aserbaidschan - Däitschland (Hären)
14.30 Auer: Lëtzebuerg - Liechtenstein (Hären)
17 Auer: Lëtzebuerg - Island (Dammen)

Alleguerten d'Matcher vun der Lëtzebuerger Dammen- an Hären-Nationalequipe kënnt Dir am Livestream op RTL.lu kucken.