Béid Equippen hunn domadder absolut iwwerzeegt an den Directeur Sportif vun der Federatioun Burkhard Disch kann nëmmen e positive Bilan zéien.

AUDIO: De Bilan vum Novotel-Cup 2017 / Reportage Jeff Kettenmeyer

D'Lëtzebuerger Dammen, déi e Freideg 0:3 géint Albanien verluer haten a sech um Samschdeg 3:2 géint Norwegen behaapte konnten, hunn um Sonndeg 3:0 géint Liechtenstein gewonnen.

Domat kommen d'Dammen op déi drëtt Plaz. Si hu genee wéi Norwegen an Albanien 2 Matcher gewonnen, awer mat manner Punkten. A si hate jo souguer géint de spéidere Gewënner vum Tournoi gewonnen ...

Am Volleyball ass et jo esou, datt wann een 3-2 wennt, nëmmen zwee a keng 3 Punkten an der Tabell kritt.
Bei deem Score kritt de Verléierer och nach 1 Punkt, well jo zwee Sätz gewonne goufen.

Ranking:

1. Norwegen
2. Albanien
3. Lëtzebuerg
4. Liechtenstein

RTL

Drëtt Plaz fir Lëtzebuerg, iwwerreecht un d'Isabelle Frisch. / © Jang Mathes

D'Volleyball-Hären hunn hire leschte Match e Sonndeg um 17 Auer géint Island gespillt a kloer 3:0 gewonnen: 25:17, 25:18, 25:15.

E Freideg hate si sech 3:2 géint d'U21 aus Däitschland behaapt an um Samschdeg och 3:2 géint Aserbaidschan.

Domat gewanne si den Tournoi fir déi zweete Kéier. D'Equipe em de Kapitän Gilles Braas huet beim Novotel-Cup 2017 nees ënnerstrach op wéi engem héijen Niveau een ënnerwee ass.

RTL

© Jang Mathes

Ranking:

1. Lëtzebuerg
2. Däitschland
3. Island
4. Aserbaidschan

RTL

D'Präisiwwerreechung. / © Jang Mathes

RTL

Lëtzebuerger Matcher vum Sonndeg
[widget type="sport/novotel2017/20170101"]

Lëtzebuerger Matcher vum Samschdeg
[widget type="sport/novotel2017/20161231"]

Lëtzebuerger Matcher vum Freideg
[widget type="sport/novotel2017/20161230"]