Vermaartung vum Volleyball fonctionnéiert

© pressphoto
Et ass mëttlerweil kee Geheimnis méi, datt d'Matcher vun der Volleyball-Nationalequipe derwäert si fir Live mat ze erliewen.
De Weekend war nees den internationale Volleyballtournoi an der Coque. Virun allem e Freideg hate ganz vill Leit de Wee an de Gymnase vun der Coque fonnt.
Datt virun allem d'Lëtzebuerger Hären de Public an Tëschenzäit richteg begeeschtert, huet d'Ronn an der Lëtzebuerger Sportswelt gemaach.
De Volleyball bitt sech u fir Stëmmung vum Terrain op Tribüne ze kréien, well een tëscht de Ballwiessel ëmmer eng kleng Paus huet. Virun allem d'Volleyball-Häre sinn den Ament immens beléift beim Public. Bei der FLVB denkt een awer och un d'Dammen.
Dem Directeur Sportif Burkhard Disch no, kann ee vu béiden Equippen nach vill erwaarden. Bei den Häre wëllt een de Wee Richtung Europa goen. Ma och d'Damme solle genee sou opgebaut ginn, wéi hir männlech Kollegen. De Moment wären si villäicht nach e bëssen hannen dran, mä wann och bei hinnen eng Kéier de Schalter bis ëmgeluecht gëtt, da kann een och do nach ganz vill erwaarden, sou de Burkhard Disch.
A punkto Marketing ass de Volleyball e gutt Beispill, wéi ee Lännermatch zu engem Event gemaach gëtt. Do kënnen dann och aner Sportaarten dovunner profitéieren, sou den Directeur sportif. Wichteg ass et einfach zu Lëtzebuerg, datt d'Leit an d'Hal kommen an doduerch méi Sponsore kënne generéiert ginn an d'Begeeschterung um Volleyball sech steigert. Dat géif dann erëm zu enger weiderer Professionaliséierung vum Sport zu Lëtzebuerg bäidroen.
Datt den Tournoi an der Coque wéi dëst d'Joer iwwer Deeg virun, op an no Silvester gespillt gëtt ass och deelweis ee Risiko, sou de Burkhard Disch. Um Enn war awer keen anere Choix méiglech. Wär den Tournoi eng Woch no hanne geréckelt ginn, dann hätten déi beschte Spiller net méi zur Verfügung gestanen. Un der Zuel vun de Spectateuren hätt een déi lescht Woch och gesinn, datt d'Entscheedung déi richteg gewiescht wär, sou de Burkhard Disch.