Volleyball Champions League
Éischt Victoire fir Maaseik, de Kamil Rychlicki war am Asaz

© Pressphoto Archivbild
An der Volleyball Champions League huet sech Noliko Maaseik mam Lëtzebuerger Kamil Rychlicki e Mëttwochowend doheem mat 3:2 géint Istanbul duerchgesat.
Et war déi éischt Victoire fir Maaseik an der Haaptronn vun der lafender Championsleague Campagne an deemno och déi éischt fir den 20 Joer jonke Lëtzebuerger. De Kamil Rychlicki huet de ganze Match gespillt, war beschte Punktesammler (22) vum Match an huet dobäi di 2 lescht Punkten am decisive fënnefte Saz fir seng Equipe gemaach.
Am meeschte gelies