Volleyball International
Top Resultater mam Annalena Mach a Kamil Rychlicki

© Pressphoto Archivbild
Am internationale Volleyball gouf et jeeweils eng Victoire fir den VC Wiesbaden a fir Noliko Maaseik.
An der éischter däitscher Bundesliga am Volleyball konnt d'Annalena Mach mam VC Wiesbaden eng wichteg 3:2 Victoire géint Potsdam verbuchen. D'Lëtzebuergerin stoung dobäi an den éischten 3 Sätz um Terrain.
An der héchster belscher Divisioun war de Kamil Rychlicki bei der 3:0 Victoire fir Maaseik géint Aalst mat 14 Punkten nees eng Kéier Topscorer vum Match. Duerch dat kloert Resultat ka sech Maaseik op der zweeter Plaz vun der Tabell festsetzen.
Am meeschte gelies