Nations LeagueAm éischte Match mam Trainer Jürgen Klopp deelt Däitschland mat Holland 1:1

RTL Lëtzebuerg
D'Resultater vum Optakt vun der Nations League 2026/27 en Donneschdeg aus de Gruppen A, B an D.
© FEDERICO GAMBARINI/dpa Picture-Alliance via AFP

Grupp A

Holland 1:1 Däitschland

D'Hollänner an Däitschland hu sech zum Optakt mat 1:1 getrennt. De Felix Nmecha hat Däitschland a Féierung bruecht, éier de Cody Gakpo kuerz viru Schluss ausgeglach huet.

Serbien 1:1 Griicheland

Serbien an Griicheland hu sech och mat engem Remis getrennt. Den Andrija Zivkovic huet Serbien fréi a Féierung bruecht, de Christos Tzolis huet an der zweeter Hallschent ausgeglach.

Norwegen 3:2 Dänemark

Norwegen huet sech an engem spannenden Duell mat 3:2 géint Dänemark duerchgesat. Den Erling Haaland huet zweemol getraff, dorënner den decisive Gol an der 74. Minutt.

Portugal 1:0 Wales

Portugal huet Wales knapps mat 1:0 geschloen. De João Félix huet an der 22. Minutt den eenzegen Treffer vum Match geschoss.

Grupp B

Éisträich 1:1 Israel

Éisträich an Israel hu sech mat 1:1 getrennt. De Romano Schmid huet d'Heemekipp a Féierung bruecht, éier de Saied Abu Farchi ausgeglach huet.

Kosovo 1:0 Irland

De Kosovo huet Irland mat 1:0 geschloen. De Vedat Muriqi huet an der 83. Minutt de Gol fir d'Heemekipp geschoss.

Grupp D

Andorra 1:2 Malta

Malta huet de Match géint Andorra no Réckstand nach mat 2:1 gewonnen. De Teddy Teuma huet an der 81. Minutt fir den decisive Gol gesuergt.

Liechtenstein 0:2 Litauen

Litauen huet sech zu Vaduz mat 2:0 géint Liechtenstein duerchgesat. De Lukas Michelbrink an den Artur Dolznikov hunn déi zwee Goler geschoss.

Back to Top
CIM LOGO