FuttballArno Bonvini gëtt neien Trainer zu Munneref

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatioune goufen en Dënschdeg vum Munnerefer Veräi selwer confirméiert.
© RTL Archiv

Den Arno Bonvini gëtt vun der nächster Saison un op en Neits Trainer zu Munneref, dat huet de Veräin um Dënschdeg matgedeelt.

Et ass schonns déi drëtte Kéier, datt hie Plaz op der Bänk wäert huelen. De Poste vum Co-Trainer wäert de fréiere Jeunesse Spiller Claudio Lombardelli iwwerhuelen.

Schonn Ufank Mee hate mir iwwert e méigleche Wiessel bericht.

Back to Top
CIM LOGO