646 Schüler, 27 Klassen an 160 EnseignantenBauteministesch Yuriko Backes presentéiert Projet vun neiem Sportslycée zu Mamer

Marc Hoscheid
En Donneschdeg de Moien huet d'Yuriko Backes an hirer Funktioun als Ministesch vun den Travaux publics an der zoustänneger Chamberkommissioun de Projet vun engem neie Sportslycée zu Mamer, méi genee an der Zon "An Hiwéng", presentéiert.
Käschtepunkt vum Projet, deen d'Ministesch Backes en Donneschdeg de Moie presentéiert huet, läit bei knapp 308 Milliounen Euro.
© Photo by THOMAS TRAASDAHL / RITZAU SCANPIX / AFP

Zanter de Sportslycée am Joer 2012 seng Dieren opgemaach huet, wier d’Zuel vun de Schüler vun 318 op 506 an d'Luucht gaangen. Doduerch wieren déi aktuell Infrastrukturen un hir Limitte komm, et hätt ee 15 verschidden Trainingsterrainen, bal 60 Navette pro Woch an een Internat mat 49 Plazen.

An deem neie Gebai soll Plaz fir bis zu 646 Schüler a 27 Klassen an 160 Enseignantë sinn an d'Internat soll eng Kapazitéit vun 160 Better hunn. An de Projet gëtt och eng Photovoltaikanlag vu 4.200 Metercarré integréiert, déi bis zu 845 Megawattstonne pro Joer produzéiere kann.

De Käschtepunkt läit bei knapp 308 Milliounen Euro.

Liest hei d'Schreiwes vum Ministère vun der Mobilitéit an den Travaux publics

Back to Top
CIM LOGO