
Um Sonndeg goufen d'Véierelsfinallen am däitschen DFB Pokal ausgeloust.
Den däitsche Meeschter Bayern München kritt et hei mat Heidenheim ze dinn, Schalke trëfft op Werder Bremen, Paderborn kritt et mat Hamburg ze dinn an Augsburg kritt Leipzig op Besuch.
D'Matcher ginn den 2. an 3. Abrëll gespillt.