
1. FC Köln - FC Bayern München 0:1
0:1 Kane (20')
An Däitschland krut den 1.FC Köln Besuch vum FC Bayern München. De Match ass eng kloer Affär. Och wann d’Schlussresultat dat net onbedéngt vermudde léisst, sinn d’Gäscht aus Münche vun Ufank un dominant a spille sech quasi am Minuttentakt Golchancen eraus. An der 4. Minutt, trëfft den Choupo-Moting no enger Pass vum Laimer de Gol net. Zwou Minutte méi spéit, kann de Schwäbe am Kölner Gol e versichte Lob vum Sané paréieren.
Schliisslech ass et de Kane, deen an der 20. Minutt fir den 1:0 fir déi Münchener suergt. Den Englänner kann de Ball no engem propper gespillte Konter an den eidele Gol vun de Kölner drécken.
Och fir de Rescht vum Match, sinn et quasi nëmmen d’Gäscht déi spillen. An der 27. Minutt huet de Sane den 2:0 um Fouss trëfft de Gol awer ganz knapp net. Déi zweet Hallschent ass méi roueg, ma an an der 78. Minutt käppt de Coman de Ball no engem Corner vun d’Lat.
Vun de Kölner kënnt de ganze Match iwwer nëmmen ee Schoss op de Gol.
De Lëtzebuerger Nationalspiller Mathias Olesen war net am Kader vu Köln.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Paris Saint Germain - AS Monaco 5:2
1:0 Ramos (18'), 1:1 Minamino (22'), 2:1 Mbappé (39') (E), 3:1 Dembele (70'), 4:1 Vitinha (72'), 4:2 Balogun (75'), 5:2 Kolo Muani (90' +6)
A Frankräich hat den Tabelleleader PSG den Drëtten aus Monaco op Besuch an dee Match hält. wat en um Pabeier versprécht. Schonn an der 18. Minutt fält den 1:0 fir d’Haushären. De Köhn am Gol vu Monaco kritt e Ofschloss vum Mbappé op d’Broscht an de Ramos kann den zweete Ball verwandelen.
Nëmmer 4 Minutten drop ass et den Donnaruma am Gol vum PSG deen en Aussetzer huet. Dësen huet d’Spill net am Bléck a gëtt iwwerrascht, wéi de Balogun hie vun der Säit uleeft. Doprophi spillt hien dem Minamino de Ball an de Fouss an dëse muss nëmmen nach ofschléissen, sou dass et 1:1 steet.
Den 2:1 fir d’Haushäre fält dann an der 39. Minutt. Den Mbappé kann no engem klore Foul um Dembele am Strofraum en Eelefmeter verwandelen.
An der 72. Minutt ass et dann den Dembele selwer, deen d’Paräier Féierung op 3:1 ausbaut. No engem Fräistouss vum Ruiz, hëllt hien de Ball mam lénken Ausserëst am volle Laf mat a schéisst mat voller Wucht an de kuerzen Eck.
Nëmmen zwou Minutten drop leeft de Ball iwwert de Kolo Muani an den Mbappé bis bei de Vitinha, deen de 4:1 schéisst.
De Balogun kann 3 Minutte méi spéit nach op 4:2 verkierzen, ma an der 96. Minutt trëfft de Kolo Muani nach zum 5:2 Endstand
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Liga Portugal
LINK: Den Iwwerbléck vun der Pro League