
Iwwerdeems huet d’Uefa kommunizéiert, dass Leipzig säin Allersmatch an der Champions League 1/8-Finall net zu Leipzig mee zu Budapest muss spillen. An Däitschland goufen e Sonndeg den Owend och nach 1/4-Finallen am DFB Pokal ausgeloust. An der Bundesliga huet Frankfurt 3:1 géint Hoffenheim gewonnen.
Och d’Lëtzebuerger Futtballer waren um Sonndeg am Asaz. Ënnert anerem huet de Selimovic mat Kreta géint Piräus verluer.
TSG Hoffenheim - Eintracht Frankfurt 1:3
0:1 Kostic (15'), 1:1 Bebou (47'), 1:2 Ndicka (62'), 1:3 Silva (64')
D’Eintracht vu Frankfurt schwëmmt weider op enger Erfollegswell. An dësem Joer ass et schonn déi 6. Victoire. Och Hoffenheim konnt trotz enger couragéierter Leeschtung um Ufank vun der 2. Hallschent déi Frankfurter net stoppen. D’Ekipp vum Adi Hütter huet duerch zwee gutt ausgespillte Goler de Match Mëtt vun den zweete 45 Minutten zu hire Gonschte gedréint a steet an der Tabell elo op der 4. Plaz.
Arminia Bielefeld - Werder Bremen
De Match Bielefeld géint Werder Bremen huet wéinst ze vill Schnéi missen ofgesot ginn. Wéini de Match nogeholl gëtt, ass nach net kommunizéiert ginn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Tottenham Hotspur - West Brom 2:0
1:0 Kane (54'), 2:0 Son (58')
Eleng den Harry Kane, deen no senger Blessur säi Comeback ginn huet, hätt an der éischter Véierelsstonn schonn 2 Goler kéinte maachen, wann net souguer hätt misse schéissen. West Brom stoung immens déif an ass mat engem 0:0 an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel gouf Tottenham du belount. De Kane an de Son hu bannent 4 Minutte fir d’Entscheedung gesuergt. E Mëttwoch geet et fir Tottenham am FA Cup géint Everton.
Wolverhamptom - Leicester City 0:0
Liverpool - Manchester City 1:4
0:1 Gündogan (49'), 1:1 Salah (63'), 1:2 Gündogan (73'), 1:3 Sterling (76'), 1:4 Foden (83')
Et war eng vun der Taktik gepräägt 1. Hallschent zu Liverpool. Béid Ekippe stounge sech mat groussem Respekt géinteniwwer, bei deenen d’Reds opgrond vun der Situatioun an der Tabell awer de gréisseren Drock haten. Liverpool hat wuel méi Chancen, ma de Mané mam Kapp oder de Firminio mat engem Distanzschoss kruten de Ball net ënner. Virun der Paus hat City dunn d’Chance, a Féierung ze goen. Nodeems de Sterling am Strofraum vum Fabinho gefoult ginn ass, huet de Gündogan awer een Eelefmeter liichtfäerteg iwwert de Gol gesat.
Kuerz no der Paus huet den däitschen Nationalspiller seng Saach awer erëm gutt gemaach. No super Viraarbecht vum Sterling stoung de Gündogan goldrichteg an huet d’Cityzens mat sengem 8. Gol an deene leschten 11 Matcher a Féierung geschoss. Dëst sollt awer net vu laanger Dauer sinn. An der 63. Minutt krut och Liverpool een Eelefmeter gepaff ,deen de Salah äiskal erageschoss huet. No zwee kloer Feelpasse vum Alisson huet City äiskal profitéiert an de Gündogan an de Sterling hu mam 2:1 respektiv dem 3:1 fir d’Virentscheedung gesuergt. De Foden huet an der 83. Minutt mam 4:1 fir de Schlusspunkt gesuergt. Domat dierft Liverpool bei elo 10 Punkte Réckstand de Championstitel wuel net méi verdeedege kënnen.
Sheffield United - FC Chelsea 1:2
0:1 Mount (43'), 1:1 Rüdiger (Selbstgol, 54'), 1:2 Jorginho (58')
Och géint Chelsea huet Sheffield net wéi eng Ekipp gespillt, déi am Tabellekeller stécht. An awer ass et um Sonndeg den Owend net duergaangen, fir op d’mannst 1 Punkt mat heem ze huelen. Chelsea war virum Gol effizient an huet aus deene wéinege Chancen direkt zwee Goler geschoss. Sheffield hätt a leschter Sekonn nach bal den Ausgläich markéiert, dem Sharps säi Fallréckzéier huet de Mendy awer gekonnt ofgewiert. Chelsea steet elo op der 5. Plaz an ass nëmmen nach 1 Punkt hannert dem FC Liverpool.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - FC Crotone 4:0
1:0 Ibrahimovic (30'), 2:0 Ibrahimovic (64'), 3:0 Rebic (69'), 4:0 Rebic (70')
De Leader AC Mailand ass senger Favoritteroll gerecht ginn an huet dem leschten an der Tabell Crotone keng Chance gelooss. D’Gäscht si wuel mat engem knappen 0:1-Réckstand an d’Paus gaangen, allerdéngs hunn Ibrahimvoc a Rebic an der 2. Hallschent bannent 6 Minutten 3 Goler geschoss an de Match entscheet. Den AC Mailand ass domat erëm 1. an der Tabell, virun Inter Mailand an der Juventus vun Turin. Den Ibrahimvoc huet säi 500. fir de Veräin geschoss.
Lazio Roum - Cagliari Calcio 1:0
1:0 Immobile (61')
Lazio huet sech laang schwéier gedoen, déi dicht gestaffelt Defense vu Calcio ze duerchbriechen. Dem Ciro Immobile ass dëst awer an der 61. Minutt fir d’Lokalekipp gelongen. Dem Italiener säi 14. Gol an dëser Saison ass dann och duergaangen, fir de Match géint d’Kellerkand Calcio ze gewannen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
St. Etienne - FC Metz 1:0
1:0 Boye (Selbstgol, 14')
De Resumé vum Match kennt dir bei de Kolleege vu RTL 5minutes noliesen.
Olympique Nimes - AS Monaco 3:4
0:1 Golovin (3'), 0:2 Golovin (12'), 1:2 Deaux (23'), 2:2 Ferhat (32'), 2:3 Golovin (62'), 2:4 Volland (77'), 3:4 Eliasson (81')
Monaco ass perfekt an de Match komm an ass no 3 Minutten a Féierung gaangen. Nodeems de Golovin säin 2. Gol an der 12. Minutt geschoss huet, ass Nimes awer fulminant an de Match zeréckkomm. Nach virun der Paus huet d’Lokalekipp de Match erëm ausgeglach. De Volland an de Golovin mat sengem 3. Gol huet wuel fir d’Virentscheedung gesuergt, Nimes ass awer nach emol 10 Minutte viru Schluss erukomm. Fir e Punktegewënn sollt et awer net méi duergoen, sou dass d’Ekipp vum Nico Kovac e geckege Match mat 4:3 fir sech entscheede konnt.
Olympique Marseille - Paris St. Germain 0:2
0:1 Mbappe (9'), 0:2 Icardi )24')
Wichteg Victoire fir de PSG, déi domat den Uschloss u Lille a Lyon net verléieren. Mbappe an Icardi hunn d’Goler fir Paräis geschoss. De Payet krut an der 91. Minutt déi Rout Kaart.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Sociedad - CF Cadiz 4:1
1:0 Oyarzabal (26'), 2:0 Oyarzabal (34'), 3:0 Isak (54'), 4:0 Isak (59'), 4:1 Izquierdo (65') Real Sociedad San Sebastian huet de Match vun Ufank un dominéiert a gewënnt duerch jeeweils zwee Goler vum Oyarzabal an dem Isak méi wéi verdéngt mat 4:1. De Marcos Mauro krut an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent och nach déi Rout Kaart gewisen, wat d’Saach sécherlech net méi einfach gemaach huet fir Cadiz. San Sebastian bleift domat am ieweschten Drëttel an der Tabell stoen.
Betis Sevilla - FC Barcelona 2:3
1:0 Iglesias (38'), 1:1 Messi (59'), 1:2 Ruiz (Selbstgol, 68'), 2:2 Ruiz (75'), 2:3 Trincao (87')
Laang huet et zu Sevilla esou ausgesinn, wéi wa Betis Barca e Been kéint stellen. Nom 1:0 duerch den Iglesias ass den Andalusier an der 56. bal den 2:0 gelongen, den Ter Stegen am Gol huet awer géint de Juanmi gekläert. Dunn ass de Lionel Messi fir de Puig op den Terrain komm an de Match huet sech ëm 180 Grad gedréint. Bannent 10 Minutten hu si den 0:1 an een 2:1 ëmgewandelt. An der 75. Minutt huet Betis dunn vun enger onglécklecher Aktioun vum Ter Stegen profitéiert an de Ruiz huet säi Selbstgol erëm gutt gemaach an den Ausgläich markéiert. Kuerz viru Schluss ass Barcelona awer nach tatsächlech den entscheedende Gol vum Dag gelongen, dëst a Persoun vum Trincao. Glécklech 3:2-Victoire fir d’Katalanen.