Judo Championships 2019Claudio Nunes Dos Santos gëtt an der Aachtelsfinall eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger gëtt theoreteschen néngten an de Senior World Judo Championships zu Tokyo a Japan.
© Klaus Martin

De Claudio Nunes Dos Santos vum JJJC Déifferdeng war den eenzege Vertrieder vu Lëtzebuerg zu Tokyo bei de Senior World Championships 2019. De Judoka huet seng éischt dräi Kämpf an der Kategorie bis 73 Kilo gewonnen an ass an der Aachtelsfinall eliminéiert ginn. Soumat schléisst de Lëtzebuerger mat enger theoretescher néngter Plaz of.

© Klaus Martin

Resumé:

  • an der 1/64 Finall: gewonne géint den Ishen Amanov
  • an der 1/32 Finall: gewonne géint den Emmanuel Nartey
  • an der 1/16 Finall: gewonne géint de Jakub Jecminek
  • an der 1/8 Finall: verluer géint de Somon Makhmadbekov
Back to Top
CIM LOGO