Handball-WMDänemark wënnt d'Finall kloer an ass neie Weltmeeschter

RTL Lëtzebuerg
Dänemark setzt sech doheem mat 31:22 géint Norwegen duerch an ass soumat fir déi éischte Kéier Weltmeeschter.

Och wann d'Ufanksphas ausgeglach war, huet sech mam weider Spillverlaf ëmmer méi gewisen wien déi besser Ekipp ass. Sou ass Dänemark mat engem Virsprong vu 7 Goler an d'Paus gaangen. Bis zum Schluss soll sech de Réckstand vun den Norweger nach weider op 9 Goler vergréisseren, sou dass de Match mat 31:22 op en Enn geet. D'Dänen hu sech mat enger méi wéi staarker Leeschtung belount a kënne sech verdéngt als neie Weltmeeschter kréine loossen.

Méi knapps war et e Sonndeg de Mëtteg am Match ëm déi 3. Plaz, wou sech Frankräich an der leschter Sekonn mat 26:25 géint Däitschland duerchgesat a sech soumat Bronz geséchert huet.

Back to Top
CIM LOGO