Kaderrevisioun vum COSLDe Bléck ass op d'Olympesch Spiller 2020 zu Tokio geriicht

Tom Flammang
Um Donneschdeg huet de COSL déi Sportler bekannt ginn, déi 2019 am Elittekader respektiv Promotiounskader sinn.
De Bléck ass op d'Olympesch Spiller 2020 zu Tokio geriicht
Um Donneschdeg huet de COSL déi Sportler bekannt ginn, déi 2019 am Elittekader respektiv Promotiounskader sinn.

Am Elittekader goufe 39 Athleten an Athletinnen a 4 Ekippen zeréckbehalen an am Promotiounskader si 44 Sportler respektiv Sportlerinnen. Mat 7 Sportler stellt d‘Vëlosfederatioun de gréisste Kontingent am Elittekader.

A ronn 546 Deeg fänken d’Olympesch Spiller zu Tokio a Japan un. Esou war et scho bal normal, datt sech bei der Kaderrevisioun vum COSL vill mat dësem Thema beschäftegt gouf. Op Säite vun de Responsabelen ass ee sech bewosst, datt déi Lëtzebuerger Delegatioun, wann alles no Plang leeft, relativ grouss kéint ginn.

A villen Disziplinne gëtt d’Ekippeklassement gekuckt, sou datt et wichteg ass, iwwer déi lafend Saison genuch Punkten ze sammelen a sou d’Qualifikatiounsnormen ze erfëllen. Besonnesch Schwéier dierft et fir d’Lëtzebuerger Schwëmmer ginn, déi ganz héich Selektiounskritären operluecht kruten. An der Liichtathletik muss ee sech dogéint nach gedëllegen. Hei gëtt den Ament nach diskutéiert, wéi d’Qualifikatioun an Zukunft soll ausgesinn respektiv wéi eng Normen do solle gëllen.

Am Moment konzentréiert sech alles op Tokyo, ma awer och Paräis 2024 muss scho geplangt ginn. Virun allem wann een den internationalen Uschloss net wëll verpassen. Dowéinst gëtt et vun elo un e sougenannte Perspektiv-Kader, fir potenziell Olympiasportler iwwer 6 Joer ze ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO