Den CCI Déifferdeng huet um zweete Chrëschtdag vill Aarbecht gehat. Virun e puer Joer gouf nach den Déifferdenger Cyclocross am Fond-de-gras gefuer.
Pünktlech um 15.15 Auer si 16 Coureuren op déi nei Strek geschéckt ginn. Et war e klenge Peloton bei der Espoirs Elite Coursse. Et sollt trotzdeem eng schwéier Coursse ginn. De Champion Loïc Bettendorff huet sech am éischten Tour direkt mam Belsch Elio Clarysse an dem Ken Conter ofgesat. Bei dem deelweis déiwen an och deelweis gefuerene Parkour konnt sech de Belsch am Ufank, no engem Feeler vum Bettendorff, eng kleng Avance op den Duo erausfueren.
An der Hallschent vun der Course huet de Lëtzebuerger Champion du säi Rhythmus fonnt gehat. Hie konnt op de Belsche opschléissen a sech och eng Avance erausfueren. De Mil Morang ass op dem schwéiere Parkour och réischt no der hallwer Course a säi Rhythmus komm an huet de Retard op den Elio Clarysse verkierzt.
Un der Spëtzt huet de Loïc Bettendorff an deene leschten Tier näischt méi ubrenne gelooss. Hie gewënnt de Cross zu Déifferdeng a feiert domat seng 5. Victoire.
Hannendru gëtt den Elio Clarysse den Zweeten. De Mil Morang komplettéiert de Podium a gëtt och éischten Espoir. Weider geet et mam internationale Cyclocross zu Péiteng den 1. Dezember. Hei wäert de Loïc Bettendorff net um Depart stoen.