Spektakuläre Wiessel an der NBALeBron James geet bei d'Philadelphia 76ers

Tom Nols
Nodeems hie fir Cleveland, Miami a Los Angeles gespillt huet, geet de LeBron James fir seng 24. Saison an der NBA op Philadelphia.
Dem LeBron James seng NBA-Rees geet weider
© AFP

No laange Spekulatiounen ass d'Kaz elo aus dem Sak. Den NBA-Star LeBron James wiesselt vun de Los Angeles Lakers bei d'Philadelphia 76ers. De beschte Scorer an der Geschicht vun der Liga huet e Kontrakt iwwer zwee Joer ënnerschriwwen a kritt dofir 8 Milliounen Dollar, mat enger Spilleroptioun. Méi wéi dräi Woche laang hat den James sech fir seng Decisioun Zäit gelooss.

Laang war de Superstar mat Miami an de Golden State Warriors a Verbindung bruecht ginn. Zu Philadelphia spillt hien elo zesumme mat Joel Embiid, Tyrese Maxey, VJ Edgecombe an Jaylen Brown, dee vun de Boston Celtics bei d'Sixers wiesselt. Esou soll et endlech nees eppes mam NBA-Titel ginn, deem d'76ers zanter 1983 nolafen.

Op d'Grënn fir säi Wiessel ugeschwat, sot den 41 Joer alen James, him géing et net méi ëm Geld goen, mä just nach ëm de Sacrifice um Terrain an ëm d'Chance, vläicht nach emol d'Gefill ze kréien, ëm en Titel dierfen ze spillen. De Wiessel vum véierfache Champion a véierfachen MVP gëtt offiziell wann en de Reegele vun der Nordamerikanescher Basketballliga no duerch ass.

Back to Top
CIM LOGO