US OpenDen Novak Djokovic huet wéinst enger Verletzung mussen opginn

RTL Lëtzebuerg
Bei den US-Open am Tennis huet den Titelverdeedeger Novak Djokovic an der Aachtelsfinall missen opginn. Schold war eng Verletzung an der Schëller.

Beim Stand vu 4:6, 5:7 an 1:2 huet en opginn. Et wier immens frustréierend, sou de Weltranglëschtenéischten nom Match. Schonn am Ufank vum Tournoi hat hie mat Péng an der Schëller ze kämpfen... elo war et dann esou schlëmm, dass en net weiderspille konnt.

Säi Schwäizer Géigner Stan Wawrinka trëfft dann elo op de Russ Daniil Medwedew, deen den däitsche Qualifikant Dominik Köpfer eliminéiert huet.

Back to Top
CIM LOGO