Et war eng spannend lescht Epreuve. Virun der Epreuve ginn d’Reider de Parcours duerch, fir ze kucken, wou kriddeleg Passagë sinn, wou ee wéi vill Galoppspréng vum Päerd muss verlaangen a vläicht och, fir e bësse Rou ze kréien. De Marcel Ewen an der Uniform vun der Arméi als 3., de Victor Bettendorf als 2. an d’Jessy Fraiture als 1. haten déi beschten Ausgangspositiounen.
Dee leschten Dag ass de Waassergrouf als Hënnernes obligatoresch am Parcours an dat ass zimlech tricky, well d’Päerd fille sech veronséchert virun der Waasserfläch, déi an der Sonn blénkt a muncher Päerd fäert ganz einfach.
Déi 3 bescht waren esou no beieneen, wat Feelerpunkten ubelaangt, dass eng Staang, déi eroffält, duergeet, fir all Hoffnungen op den Titel ze begruewen. De Marcel Ewen huet missen op Null reiden a gläichzäiteg net ze lues sinn, fir kee Strofpunkt wéinst Zäitiwwerschreiden ze kréien. Dat huet hie mat sengem Päerd gemeeschtert, ma duerno huet hie misse waarden, ob seng Konkurrente sech géingen e Feeler leeschten oder net.
De Victor Bettendorf ass als zweetleschten an de Parcours gaangen. Och fir hien huet gegollt: kee Feeler a flësseg derduerch. Bon flësseg war du leider vum Päerd falsch verstane ginn, well um Waassergruef huet de Chactus refuséiert, fir ze sprangen an dat war et dann. Aus fir de Victor Bettendorf.
D’Jessy Fraiture hat elo e bëssen Drock, well och si huet missen 0 Feeler reiden an iwwert de Gruef kommen. Dat ass hir och gelongen an esou konnt si den Titel gewannen?
Bestëmmt war d’Jessy e bëssen opgereegt, mee gesinn huet een dat net. Déi 4 Deeg ass si mat hirem Päerd Piccolo Cora zimlech cool duerch de Parcours geridden. D’Belounung ass du ganz normal komm. Fir d’éischt bei de Senioren derbäi a gläich Champion. De Lëtzebuerger Reitsport ka sech iwwer Nowuess net bekloen.