VIDEO: Dëschtennis-Championnat D'Halleffinallen am Eenzel bei den Hären an den Damme stinn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf et iwwerraschend den Out fir den Eric Glod a Carlo Feltes am Hären-Dubbel géint de Kevin Fickinger an Yves Tonon.
© Yannick Zuidberg

Eenzel

Am Eenzel bei den ren huet sech de Luka Mladenovic a senger Véierelsfinall kloer mat 4:0 géint de Kevin Kubica behaapt. Genau esou däitlech konnt sech de Gilles Michely duerchsetzen. Hie klappt den Arlindo de Sousa mat 4:0.

Den Titelverdeedeger Eric Glod huet och absolut näischt ubrenne gelooss beim 4:1 géint den Ademir Balaban. Méi enk war et dann awer am Match tëscht dem Traian Ciociu an dem Christian Kill. Um Enn konnt sech de Christian Kill awer mat 4:2 behaapten. D'Halleffinallen e Sonndeg sinn deemno:
Luka Mladenovic - Gilles Michely

Christian Kill - Eric Glod

Bei den Damme spillt an der Halleffinall d‘Tessy Gonderinger géint d‘Egle Tamasauskaite. An der zweeter Halleffinall kritt d‘Sarah de Nutte et mam Lena Grein ze dinn, dat sech mat 4:2 géint d‘Carole Hartmann duerchsetze konnt. D'Halleffinallen e Sonndeg sinn deemno:

Tessy Gonderinger - Egle Tamasauskaite

Sarah de Nutte - Lena Grein

PDF: D'Resultater vum Eenzel

Back to Top
CIM LOGO