Volleyball-ChampionnatDikrecher Häre wannen zu Iechternach, Damme vun der Gym bleiwen ongeschloen

RTL Lëtzebuerg
Um Weekend stoung bei den Dammen a bei den Hären de 4. Spilldag um Programm.
© Emile Mentz (Archiv)

Hären

Am Spëtzematch vum Spilldag huet Bartreng trotz zweemoleger Féierung 2:3 (25:16, 22:25, 25:22, 19:25, 12:15) géint Stroossen verluer. Nodeems Bartreng den 1. Saz relativ däitlech gewonnen huet, goufen et zwee méi enk Sätz, vun deene béid Ekippen ee fir sech entscheede konnten. Stroossen huet sech dunn de 4. Saz souverän geséchert an domat en decisive 5. Saz erzwongen, an deem de Champion déi besser Nerve bewisen huet an esou och d’Tabelleféierung mat engem Punkt Virsprong iwwerhëlt.

Fenteng hat auswäerts géint Amber-Lënster keng Problemer a konnt sech mat 3:0 (25:18, 25:13, 25:17) duerchsetzen.

Am spéiden Nomëtteg huet um Samschdeg och Luerenzweiler sech zu Esch keng Bléisst ginn an d’Partie souverän mat 3:0 (25:14, 25:10, 25:13) fir sech decidéiert.

Um Sonndeg konnt Dikrech nach kloer mat 3:0 (25:14, 25:20, 25:19) zu Iechternach gewannen.

Dammen

Mamer huet sech zu Bartreng um Ufank schwéier gedoen an huet och den zweete Saz mussen ofginn, um Enn konnt ee sech awer 3:1 (25:20, 19:25, 25:13, 25:16) behaapten, woumat de Champion weider ouni Punktverloscht bleift.

Nodeems Walfer de leschte Weekend géint Bartreng déi éischt Defaite vun der Saison grad esou nach evitéiere konnt, war et e Samschde souwäit. Zu Esch huet d’Lokalekipp sech 3:1 (25:17, 25:21, 15:25, 25:16) géint d’Walferinnen duerchgesat, woumat Esch och an der Tabell elo ee Punkt méi wéi Walfer huet.

Donieft huet Stengefort kloer 3:0 (25:18, 25:16, 25:13) géint Fenteng gewonnen.

D’Gym Bouneweg ass weiderhin ongeschloen. Um Sonndeg gouf et eng 3:0-Victoire (25:22, 25:16, 25:12) zu Iechternach.

Back to Top
CIM LOGO