Australian OpenDjokovic deklasséiert Nadal a wënnt fir 7. Kéier zu Melbourne

RTL Lëtzebuerg
D'Nummer 1 op der Welt huet dem Rafael Nadal e Sonndeg de Moie keng Chance gelooss a sech mat 6:3, 6:2 a 6:3 an de Sätz behaapt.
© AFP
Djokovic
D'Nummer 1 op der Welt huet dem Rafael Nadal e Sonndeg de Moie keng Chance gelooss a sech mat 6:3, 6:2 a 6:3 an de Sätz behaapt.

An der Finall vun den Australian Open am Tennis stounge sech e Sonndeg de Moien eiser Zäit mam Novak Djokovic d'Nummer 1 op der Welt an dem Rafael Nadal d'Nummer 2 op der Welt géigeniwwer. De Serb huet dem Spuenier hei net en Hauch vun enger Chance gelooss an um Enn kloer an 3 Sätz mat 6:3, 6:2 a 6:3 gewonnen.

Fir den Novak Djokovic ass et ewell déi 7. Victoire bei den Australian Open. Bis e Sonndeg war dat nach kengem Spiller op der Welt gelongen. De Roy Emerson an de Roger Federer hu 6 Mol den éischte Grand Slam vum Joer gewonnen.

An der Rod Laver Arena hunn d'Spectateuren een eesäitege Match gesinn. Den Novak Djokovic huet de Rafael Nadal zu kengem Ament an de Match komme gelooss. Direkt am éischte Saz huet de Spuenier beim éischte Service e Break kasséiert. Den Novak Djokovic huet mat sengem aggressive Spill den Nadal duerno op Distanz gehalen a seng Servicë souverän duerchbruecht, fir den éischte Saz no 37 Minutte mat 6:3 fir sech ze decidéieren.

Och am zweete Saz war et dat nämmlecht Bild. De Rafael Nadal huet weider no sengem Rhythmus gesicht an huet einfach ze vill falsch Entscheedunge getraff, fir dem Novak Djokovic eppes kënnen entgéint ze setzen. Beim Tëschestand vun 2:2 ass dem Serb dunn op en neits e Break gegléckt. Dat sollt awer net deen eenzege bleiwen. Beim 4:2 gouf et ee weideren, sou datt d'Nummer 1 op der Welt mat 5:2 a Féierung gaangen ass. Den eegene Service huet hien du souverän duerchbruecht, fir de Saz no 40 Minutte mat 6:2 ze gewannen.

De Rafael Nadal huet no dësen zwee katastrophale Sätz de Centre Court kuerz verlooss. Ma och déi kuerz Paus sollt him näischt bréngen. Och am drëtten Duerchgang wousst de Spuenier einfach net wat e maache soll a war wäit ewech dovunner, fir wichteg Punkten ze maachen. De Rafael Nadal hat eng Break-Chance beim Stand vun 2:3, ma hie konnt dës net notzen. Beim 31 Joer ale Serb huet einfach alles fonctionnéiert an esou huet hien och den drëtte Saz gewonnen, dat mat 6:3. Direkt den éischte Matchball huet de Serbe verwandelt an de Sak no ronn 2 Stonnen zougemaach.

Den Novak Djokovic gewënnt domadder den 53. Duell géint de Rafael Nadal a ka sech iwwert säi 15. Grand-Slam-Titel freeën. Fir de Spuenier war et een Dag, fir ze vergiessen an déi éischte Kéier, datt hien eng Finall vun engem Grand Slam an 3 Sätz verluer huet.

Titel bei den Damme fir d'Naomi Osaka

© AFP

Déi 21 Joer jonk Japaner hat sech e Samschdeg an dräi Sätz mat 7:6, 5:7 a 6:4 géint d'Petra Kvitova aus Tschechien behaapt. D'Naomi Osaka steet duerch dës Victoire vun e Méindeg un un der Spëtzt vun der Tennisweltranglëscht. Bis ewell war dat nach kenger Japanerin gegléckt.

RTL-Artikel: D'Naomi Osaka wënnt d'Australian Open 2019

Back to Top
CIM LOGO